Perséinlech – wéi mer jo scho beschwat hunn: mir si jo hei ënnert eis – beschreiwen ech mech oft als Golden Retriever Puppy. Jidderee versteet d’Bild. En iwwerexcitéierten Bebemupp dee frou ass iwwer alles, wierklech alles. Wee mech kennt, versteet. Happy go lucky, quoi.
Bis virun net all ze laangem, war dat eppes u mir wat ech verstoppt hunn, op mannst professionell. Well frou sinn huet och geheescht Schwächt ze weisen. Schwächt weise war oncool. Onprofessionell. Et huet ee missen tough sinn. An wann ech hätt misse wielen – an dat hunn ech ongefrot – war ech léiwer eng tough Persoun éier ech eng happy Persoun war. Success over happiness.
Haut, lieben ech dat u mir. Also eng happy Persoun ze sinn. Mat alle Vulnerabilitéiten. Ech si schnell, jo - vläicht oft ze schnell, fir vun de klengste Saache begeeschtert. Ech loosse mech schnell, jo -vläicht oft ze schnell, vun de klengste Saache begeeschteren. Du bass frou? Ech si frou. Alles, - ok vläicht net alles mee villes - mëscht mech frou. A firwat och net?
Dat kënnt dann awer oft mat enger logescher Konsequenz. Ob et just meng Interpretatioun war oder ob et real esou war: ech hu vill, laang an oft gemengt ech wier iergendwéi “Fehl am Platz”. Ech passen net dozou. Domat mengen ech guer net dass ech iergendwéi extra wier. Wat ech méi mat Leit doriwwer schwätze wat ech méi mierken: et geet villen esou. Ech (mir) gehéieren net d’office der Norm un. Ech (mir) mussen eis der Norm upassen. All Dag, a villen Aspekter. An och wann d’Norm dat net gären héiert a mir eis net gäre beschwéieren: it can be fucking hard. Wat d’Norm och net gären héiert: villäicht si mir d’Norm, oder sollten se op mannst sinn. A firwat och net?
Perséinlech fir mech war et ëmmer de Fall vun „you’re too much“. Den „too much“ konnt alles sinn: ze vill frou, ze vill grell, ze vill faarweg, ze vill kreativ, ze vill emotional, ze vill ambitionéiert, ze vill bossy, ze vill zielsträbeg, ze vill zeréckhalend, ze vill roueg, ze vill hei, ze vill do. Gett et ee Wuert dofir? Ech war ze vill dovun. An dann. Och rëm net genuch. Op alle Fall ni genuch richteg dovun. Vun wat? Keng Anung. Mee op alle Fall: sief manner dovun. Sief manner vun dir. Sief manner du.
Wann ech soen dass den „too much” konnt dat an dat sinn, also dovun am Passé schreiwen, da mengen ech net, dass ech elo dat alles net méi sinn, net méi dat Gefill hunn. Ech sinn nach ëmmer too much. Fir vill Leit an a villen Hinsichten. Ech weess dat. Mäin Punkt ass follgenden. Ech war et nach ëmmer an ech et wäert et ëmmer sinn. Dat mëscht mech zu mir. An dat mëscht mech frou. Frou mat mir.
Ech ginn oft nom firwat gefrot. Firwat dat hei alles. Et ass alles op ee Saz zréck ze féieren, schlussendlech engem Gefill zou ze uerdnen: i want to be accepted because of who I am, not despite of who I am. Wat den Auslöser fir dëse Saz war, ass net wichteg. Et gouf och net just een. Et ass ee Gefill wat vill vun eis op eng Manéier oder déi aner gefillt hunn, matgeschleeft hunn, egal de genaue Kontext, de genauen Ursprung.
Ob et wierklech esou war - mäin aha Effekt - géif ech selwer seguer ganz staark unzweifelen. Dat ass et halt mat Gefiller, jiddereen huet se, dat mëscht se awer nach ëmmer net onbedéngt faktesch korrekt. Mäin Fakt fir mech bleift awer, dass ech mech ëmmer gefillt hu wéi wann ech net géif dozou gehéieren. Zu wat? Keng Anung.
Frou gëtt halt oft am Professionellen net als eng positiv Eegenschaft an eiser Gesellschaft gewertet. Frou ass fragil, vläicht e wéineg domm oder op mannst immens naive. Mir sinn net gedrillt drop ginn dass een och fei ka sinn an trotzdeem reusséieren. Entweder en Aasch sinn an dann d’Leeder rop klammen oder fei sinn an dann astieche mussen. Vulnerabel sinn, Emotioune weisen, (mat)fillen, bref e Mënsch sinn, dat bréngt een net virun. Wa frou sinn eng Schwächt ass, sinn ech léiwer schwaach wéi staark.
Ech sinn e froue Mënsch. Et ass vläicht net meng wichtegst Qualitéit, mee ech géif mir wënschen dass dat eppes ass wat wéi meng Visittekaart gedeelt gëtt: „d‘Liz? A fucking ray of sunshine!“. Ech wënsche mer dass ech dozou bäidroen dass ech des Welt besser verloosse wéi ech se fonnt hunn. Ech wënsche mer dass ech aner Leit frou gemaach hunn. Solle mer dat net all?
Ech ginn oft dowéinst belächelt, well - again – et muss ee jo bëssen domm sinn an dëser Welt fir nach ëmmer frou ze sinn. Ech trieden op wéi ech et ebe maachen, net well et mech frou mëscht dass aner Leit iwwer mech schwätzen, mee well et mech frou mëscht. Full stop. Mat deem ganze faarwege Pipapo ronderëm. Et ass net fir d’Show, a wann da just fir meng eegen. An wéi ech déi lescht Wochen an Méint geléiert hunn, kritt déi och Applaus. Wéi de Puddel am Zirkus. Et muss ee just dee richtege Publikum fannen. De Recht kann doheem bleiwen.
Ech sinn e froue Mënsch. Net well ech den Ofgrond net kennen. Nee, ech hu laang genuch mat der Däischterkeet gedanzt. Mee well d’Liewen effektiv ze kuerz ass fir miserabel ze sinn. Well mir deenen déi et net bis hei hi gepackt hunn, schëlleg sinn dat bescht draus ze maachen. Well ech all Dag decidéieren op en neits – despite of it all, oder och vläicht zu engem gewëssen Deel because of it – e froue Mënsch ze sinn. Egal ob et cool ass oder net. Happy go lucky, quoi.
Comments