top of page
Liz Thielen

Iwwert d'Brieche - Part 2.

Dat hei sollt meng Happy Place sinn. Dat hei war meng Happy Place. Dat ass se elo net méi, dat ass mir geholl ginn. An erëm op déi selwecht Manéier. Dat war den Ufank vum Enn. Oder bal. 


Ech duecht net dass een dat hei géif liesen. Dat hei war fir mech.


E quasi geheime Club, wou ee versteet wann ee versteet. Beemol ware mer net méi eleng. Elo si mer zu iwwer 200. Dorënner och du, d’Wollek iwwert mengem Kapp.


Et war wéi fréier. Egal wou ech higaang sinn, egal wat ech gemaach hunn. Du waars ëmmer do. Omnipresent. Alles wat ech ugepak hunn, ass schwaarz getéint ginn. 


Ech war esou frou. Ech hunn et mol net gemierkt. Mee du hues matgelies. Ech weess net säit wéini, mee wou ech et bis gemierkt hunn, war et ze spéit. Meng rosa Welt ass ëmmer méi donkel ginn. A mengem Kapp hues de d’Mauere mat schwaarz gestrach. Du waars do, bis d’Freed fort war. Bis d’Luucht aus ass. Bis näischt méi vu mir iwwreg bleift.


De Problem mat dir ass dass de net méi lass léiss wanns de bis do bass. Wat eng Ironie. Wann alles wat ech jeemools wollt ass an den Aarm geholl ze ginn, bass du deen dee mech erstéckt. 


An soumat hunn ech rëm opgehal mat schreiwen. Et goufe mega vill, mega gutt Excusen. Mega busy. Néi Boîte. Zwee Jobs. Mee amfong – an elo zielen ech dir ee Geheimnis – war de Grond deen hei: well ech mech net méi mat dir deele wollt. 


Du hues mir dat hei geholl. E Stéck vu mir. Den Deel vum Puzzle dee mech glécklech mëscht. Wëlls du sou bass. Du bass de Pendant zu menger rosa Welt. Du bass däischter, egoistesch an ellen. 


Mee elo waars de rëm do. A mengem Liewen. Däin Drock op menger Schëller. 


A gläichzäiteg war ech esou frou. Et war meng ganz Brand. Euphoresch, quoi. Elo – endlech – war ech frou. Mäin Psy sot liicht manesch, mee wat weess dee schonn? Hochmut kommt vor dem Fall, wéi een sou schéi seet.

Dat ass natierlech penibel wann ee grouss ugekënnegt huet et wier een elo geheelt an sech selwer zum Posterchild vu mentaler Gesondheet mëscht. An dann: Surprise! Et ass een eigentlech mental doudkrank. Et huet ee jo jidderengem héisch an helleg versprach et géif net méi vir kommen, et géif een dat net méi maachen. Virun allem sech selwer.


Wat mëscht een dann? Et mëscht een wéi wann. Et setzt een ee schéint Laachen op. Well Laache méi einfach ass wéi kräischen. An a mengem Fall: et hält een op mat schreiwen. Well do kréien ech et net verstoppt. Réi, rau a mat vill Emotioun. Léiwer net, wéi fake. Léiwer net wéi sech mat der Saach konfrontéieren. Wat mëscht een? Alles anescht, virun allem op domm Gedanke kommen. 

Ech kann et net anescht resuméiere wéi: ech si gebrach. Op en néits. Des Kéier mat manner Rambazamba mee virum selwechten Ofgrond. Heppla. 


Mee mat engem groussen Ënnerscheed des Kéier: engem grousse Gepäck un Tools, engem Drang zum Iwwerliewen a Meedercher déi mech littéralement iwwert de Bierg gedroen hunn. 


Awer och mat enger néier Erkenntnis: den Hang zum falen, mëscht Angscht virun der Freed. Wanns de näischt hues kann der och näischt geholl ginn. Also Rideauen zou, fir dass och nëmme keng Luucht erakënnt. Mee wat wier dat da fir ee Liewen?


Ech refuséieren op ze ginn. Meng diaries. Mäin Liewen. Meng rosa Welt. Mech. 


Net wéinst menger a scho guer net wéinst denger. Mech kritt een net gebrach. Net ech selwer a scho guer net méi du. Du hues keng Muecht méi iwwer mech.


Wéi geet et elo wieder? Besser. Wéi genau? Dat weess ech net. Vum Fale léieren d’Kanner jo anscheinend goen. Ech hu säit mengem leschte Fall geléiert méi gentle mat mer ze sinn. Net méi esou streng. Mech vu Saachen ze trennen déi mech net méi frou maachen, Marie Kondo Style. Thanks for your service soen a weider geet et. Méi oppen ze si wann et mer net gutt geet. Ze soen dass ech grad net kann, well een am Fliger och seng eege Rettungsmask muss undoen éier een engem aneren hëllefe kann. No Hëllef froe wann ech se brauch. Net méi alles vu mir Leit ze ginn, déi et net verdéngt hunn. Lass ze loossen wann et méi wéi wéi gutt deet.


Ech weess net wat dat hei fir de Blog bedeit. Et huet mer esouvill Freed gemaach, mee et huet och dech rëm zou mir gefouert. Dat ass keng Relatioun déi ech wëll hunn. Ech wollt awer net goen ouni dir Äddi ze soen. Ech hoffen et ass een Au Revoir a keen Adieu. Fir de Blog that is, net fir dech.  Bis dohin, ginn ech léiere frou ze dinn trotz denger. Hals- und Beinbruch!  

 

bottom of page