Hallo, du! Welcome a menger Bulle, mir duzen eis elo hei.
Verstéi mech net falsch, mee – an dat soen ech mat allem néidege Respekt, gleef mer dat w.e.g. - meng Geschicht gehéiert dir net. Mir kennen eis net. Eppes wat a mengem Liewe quasi op den Dag virun zwee an engem hallwe Joer geschitt ass, géif dech soss net iwwerraschen.
Looss mech kuerz e wéineg aushuelen. Lescht Woch hunn ech hei méi oder wéineger an engem Niewesaz iwwer meng perséinlech Ofgrënn geschriwwen. Iwwert d’zerbriechen. Wat mir geschitt ass. Et war ee Punkt an der Geschicht. Net den Haaptpunkt vun der Geschicht. An dofir: niewebäi. An dofir: iwwerflächlech. An iwwerflächlech wäert dat warscheinlech och bleiwen, well de Kontext ass méi wichteg fir meng Geschicht déi ech hei spannen, wéi den Detail. Hear me out.
Alles wat ech hei präisginn ass meng Versioun vun der Geschicht an domat net déi eenzeg, par Definiton. Hues du en Urecht op meng Geschicht well ech se selwer an d’Welt setzen? Zu engem gewëssenen Punkt jo, op mannst zum Deel dee mech ubelaangt, deen deen ech präiss ginn. Et war meng Decisioun dat hei ze maachen, ech wollt dat esou. Ech kann net erwaarde rëm de Deckel op eppes ze sëtze wat ech selwer lass getrueden hunn. Wäert ech weider driwwer schreiwen? Warscheinlech. Ass dat di ganz Geschicht? Absolut net. Ass et fir mech déi eenzeg éierlech Versioun? Jo. Gesäit jiddereen dat esou? Dofir géing ech meng Hand net an d’Feier leeën.
Ech schumme mech net dass ech zerbrach sinn. Well dat war et literallement. Ech sinn an dausend Stecker zerbrach. Mäi Liewe loung a Schiebele viru mir. An ech sinn net dat éischt, an esou vill wéi ech mer et och wënsche géif, leider net dat lescht a virun allem net dat eenzegt. Meng Geschicht ass net aussergewéinlech.
Réi, rau a mat vill Léift. Dat ass de Motto hei. Dat hunn ech dir versprach. Mee: ech probéiere mech nach selwer aus. Ech well gären en oppent Buch sinn. Well ech mengen dass et villen esou geet wéi mir: de temps en temps brëcht een halt e bëssen. Heiansdo ass et just eng Téitsch, heiansdo muss schonns de Superglue zum Asaz kommen. Warscheinlech kéint ee scho bei villem eng Plooschter drop pësche wann ee fréi genuch bei ee géif goen deen ee rëm ka flecken. Mee do ass se rëm déi Schaarm. Wat sollen déi aner dann nëmmen denken.
Wéi gesot: ech schumme mech net dofir zerbrach ze sinn. Ech si stolz op mech dass ech mech rëm zesumme geraf krut. Net eleng, mee mat ganz, ganz vill Hëllef. Ech sinn haut hei despite a because of it (hint hint: nächste Blog ass scho geschriwwen). Et ass een Deel vu mir, an ech léieren et als Deel vu mir ze feieren an net ënnert den Teppech ze kieren. Mee et ass nach ee Chantier sou grouss wéi deen op der E411.
An awer: et läit nach ëmmer eng Scham iwwert dem zerbriechen. Ech weess dass ech anescht behandelt gouf säitdeem an och haut nach ginn. Mat engem riese grousse Sticker lafen ech op der Stier ronderëm: aufgepasst zerbrechlich! Firwat zéien ech dann elo nach eng Kéier d’Attentioun hei drop?
Éischtens, well ech hoffen dass mer iergendwann mental Krankheete vum Mënsch trenne kennen. Eppes Physesches, dat hues de, dat ass dir geschitt: du hues der dem Aarm gebrach, du hues der de Schnapp opgeraf oder der d’Panz erkaalt. Du hues ee Brëll. Du hues eppes. Eng mental Krankheet, dat bass du da beemol, dat definéiert dech – op mannst an de A vun deenen aneren: du bass depressiv, du bass bipolaire, bref: du bass deng Krankheet. Du hues eppes, ech sinn et.
Ech sinn awer net meng Krankheet. Et ass een Deel vu mir, ech sinn awer vill méi wéi just dat. D’Zerbrieche war eppes – nieft villem – wat mech gepräägt huet, mee et definéiert mech net. Net méi. Ech sinn net d’Liz wat zerbriechlech ass, ech sinn d’Liz wat e puert Téitschen huet vum zerbriechen an ech maachen eppes dofir/dogéint. Sou wéis du wanns de e Brëll brauchs. Du leefs jo och net blann duerch d‘Liewen. Méi ass et net.
Zweetens: an och hei wëll ech nach eng Kéier e wéineg aushuelen. Dëse Post war net geplangt, mee ass eng Reaktioun op vill ganz léif Messagen. Messagë wéi „brave“, wéi couragéis ech sinn, net nëmmen oppen iwwer Mental Health mee virun allem iwwer Mental Illness ze schreiwen – och wa just tëscht den Zeilen. Wann ee Mental Health huet gëtt ee gefeiert, wann ee Mental Illness huet kritt ee gesot, och wann et léif gemengt ass, pass op dass de der net selwer e Stigma uspéngels. Wat sollen dann déi aner soen.
Ech well net gefeiert ginn dofir dass ech zouginn dass ech getéitscht sinn. Ech soll net musse gefeiert ginn dofir dass ech zouginn dass ech zerbrach war. Ech sinn net extra, et ass net extra. Mee soulaang et extra ass driwwer ze schwätzen, sou laang een als couragéis gefeiert gëtt well een sech traut, sou laang wéi een sech net kann trauen, sou laang wéi een sech muss schummen, muss Angscht hunn dass eng Krankheet een definéiert, déi déi frou mat mer sinn sech musse Suergen dass ech esou oppen domat ëmginn (well wat ass wann), esoulaang leeft dach eppes schif. Et ass net d'Zerbrieche wat de Problem ass, et ass wéi mir domat ëmginn wat fundamental falsch ass. Op mannst a mengen Aen. Vläicht brauch ech och einfach een neie Brëll.
Wat kënne mir kollektiv maachen? Ganz éierlech, ech weess et net. Ech fannen nach ëmmer meng eege Féiss wat dat ubelaangt. Ech wéilt ech géif mech méi trauen. Ech wéilt ech wier méi oppen. Wann et drop ukënnt driwwer ze schwätze mierken ech oft, dass mer déi richteg Wierder nach feelen. Wann ech se fannen, dann oft méi zaghaft wéi ech selwer géif vu mir erwaarden. An da kënnt den Haaptpunkt: ech wéilt ech misst net. Net couragéis sinn. Net gefeiert ginn dass ech couragéis sinn. Couragéis fir dat wat ech sinn. Net ganz mee e bessen awer. Ech hoffen ech muss iergendwann net méi. Ech hoffen kee muss méi.
Ech wëll einfach ech kënne sinn. An heiansdo e bësse briechen dierfen. Ergo: ech dierfe sinn. Mat allen Téitschen, Schrummen a bloe Flecken.
Bis dohin, lol.
Liz
Comments