top of page

Sech eng Paus gënnen 

Hues de mech vermësst? Ech war puer Deeg net do. Ech hu mer eng Paus gegënnt. 


Ech sinn net gutt dodran. Mer eng Paus ze gönnen. Elo waren et e puer Deeg. Ech war carrement fort. Mee dat gëllt awer och fir mäin Alldag am Generellen, fir meng Fräizäit, no der Aarbecht, fir de Weekend. Wann ech decidéiere mam Hond an de Bësch ze goen, am Plaz eppes Produktives ze maachen.


Ech misst dach nach. Ech misst dach nach (…) maachen. Elo grad an dësem Moment ass et d’Kiche raumen an eng Wäsch amaachen. Ech misst amfong och nach un der Website schaffe vun euphoria.studios. Ech kéint mech och scho virschaffen a schonn eppes aneres maachen, da brauch ech et net méi eng aner Kéier ze maachen. Ech misst dach nach. Et ass e Gedanken dee mech permanent begleet, nee, mech permanent verfollegt. 


Soss hunn ech ëmmer geduecht, dat wier eng Qualitéit. Eng vu menge Stäerkten. Vill maachen ze kënnen. Ech gouf oft am Witz gefrot: “hues du méi Stonnen an dengem Dag wéi anerer oder wéi kriss de dat alles hin?”. Ech gouf beschriwwe wéi déi Duracel Bunnies, déi permanent, méi, nach méi an ëmmer méi schnell maache kënnen. Gutt gelaunt a mat engem Laachen och nach am Beschten. Ech an anerer hu mech dofir gefeiert. 


De Probleem: wat ech méi gemaach hunn, wat ech méi gefeiert gouf. Et ass en Deel vu mir ginn. En Deel deen ëmmer méi vu mir ageholl huet. Et huet mech an enger gewëssen Aart definéiert. An hei koum da mäi ganz perséinlechen (spicy) Denkfeeler an d’Spill: wat ech méi maachen, wat ech méi gefeiert ginn, wat ech - als Mënsch - méi Wäert sinn. Mee wat geschitt da wann een net méi maache kann? Wat seet dat dann iwwert mech aus? Wann dat alles net méi do ass? Wann ech näischt méi ze maachen hunn? Wat seet dat iwwert mäi Wäert als Mënsch aus?


Ëmmer erëm hunn ech et op de Punkt komme gelooss bis d’Luucht ugaang ass, dass den Tank bal eidel wier. Dann huet et geheescht: ech huele mer puer Deeg, da geet dat schonn erëm. Ech hu mer awer ni wierklech puer Deeg geholl. Jo, technically speaking, hat ech fräi, hunn also näischt misse maachen. Ech hunn trotzdeem ëmmer nach weider gemaach, normal quoi, wéis du warscheinlech och. 


Ëmmer weider a weider. Méi wéi eng Kéier sinn ech beim op der Plage leie vernannt gi well ech nach eppes gemaach hunn. “Ech muss just nach ganz kuerz dat hei maachen, da sinn ech bei der”, huet et da vu mir geheescht. An net just op der Plage, mee och am Restaurant, doheem virum Film, beim Afterwork. Ech muss just nach ganz kuerz. Mat alle Konsequenzen déi dozou gehéieren.


Mee firwat eigentlech? Dat ass eng Fro déi ech mer déi lescht Deeg vill gestallt hunn. Well ech awer trotzdeem e schlecht Gewëssen hat, well ech misst dach eigentlech nach. An net just wéi ech fort war, mee och am Alldag. Déi kleng Stëmm déi mer seet: du kanns dach net, du muss dach nach.


Läit et dodrun dass mir ni richteg geléiert, respektiv verléiert hunn eleng mat eis “genuch” ze sinn? Also just du mat dir, ech mat mir, ouni eng Leeschtung ze bréngen. Just ze existéieren. Just du, just ech. Ouni eppes ze maachen. Respektiv ouni dat ze maache wat amfong dach nach misst gemaach ginn. 


Kréie mer net ëmmer rëm virgelieft dass een eppes muss maache fir dass een eppes Wäert ass? Ech muss eppes leeschten, soss sinn ech net gutt genuch. Soss sinn ech keen. Soss sinn ech näischt. Oder d’Fro anescht gestallt: Wien sinn ech wann ech net leeschten, net maachen? Oder nach anescht: sinn ech iwwerhaapt eppes wann ech näischt maachen? 


Och haut fält et mer net ëmmer einfach, mer eng Paus ze gënnen. Elleng dat schonn: sech eng Paus gënnen. Gënnen. Dat implizéiert jo dass ech mer se hu misse verdéngen. Fir d’éischt leeschten, da gënnen. 


Wat ech domat mengen ass, dass ech besser dora ginn, och eppes fir mech ze maachen. Eppes ze maachen, net well ech dach amfong misst, mee well ech weess dass et mer gutt deet. Ech weess dass et mer gutt deet eng Stonn fir mech ze huelen, an de Bësch ze goen, lafen ze goen, mam Mupp spadséieren oder mat enger Frëndin op e Rosé ze goen. 


Haut identifizéieren ech mech net méi dodriwwer wat a wéi vill ech maachen. Haut gönnen ech mer. Well ech weess haut dass ech besser maache wann ech och Saache fir mech maachen. Am Ufank sot ech: eppes fir mech ze maachen ass de Géigendeel vun eppes Produktives ze maachen. Haut weess ech dass eppes fir mech ze maachen eppes Produktives ass.


Jo ech misst amfong nach, mee ech muss och fir mech. Ouni mech gëtt de Recht schliisslech och net gemaach. De System ass nach net perfekt, loin de là. De klassesche Fall vun do as I say not as I do. Ech wäert herno nach meng Kiche raumen. Mee ech hu mer virgeholl manner streng mat mer selwer ze sinn. Méi gentle. An ech hoffen du och. 


Wann dat an Zukunft eng opgeraumte Kiche bedeit dann ass dat och ok. T’ass net dat wat eis rette wäert, op dat et herno wäert ukommen. T’ass net dat wat et herno wäert ausmaachen op mer gutt Mënsche sinn an op mer eis Welt herno besser zeréck loosse wéi mer se fonnt hunn. Do musse mer da ganz aner Saache maachen. Do musse mer nach. Mee dat ass da fir een aneren Dag. 


Wéi ëmmer: with lots of love (lol),

Liz



 

 
 
 

Recent Posts

See All
Iwwert d'Briechen - Part 2.

Dat hei sollt meng Happy Place sinn. Dat hei war meng Happy Place. Dat ass se elo net méi, dat ass mir geholl ginn. An erëm op déi selwecht

 
 
Frou sinn ass oncool

Perséinlech – wéi mer jo scho beschwat hunn: mir si jo hei ënnert eis – beschreiwen ech mech oft als Golden Retriever Puppy. Jidderee...

 
 
 

Comments


bottom of page